Missions du CET

Beim Ausübe vun senge Funktioune kann de CET ënner anerem:

  • Rapporten publizéieren, Avisen an Recommandatiounen ofginn, an Etüden iwwer all d’Froen, déi mat den Diskriminatiounen zesummenhänken, féieren;
  • all Informatioun an Dokumentatioun am Kader vun senger Missioun produzéieren;
  • d’Persounen, déi méngen si wären Affer vun enger Diskriminatioun, beroden an orientéiren an si iwwert hier perséinlech Rechter, d’Législatioun, d’Jurisprudence an d’Méiglechkeeten op hier Rechter ze pochen, informéiert.