Indirekt Diskriminatioun
Eng indirekt Diskriminatioun geschitt, wann eng Dispositioun, ee Critère oder eng Praxis, déi neutral schengt, e besonneschen Nodeel fir Persounen op Grond vun enger tatsächlecher oder supposéierter Zougehéieregkeet zu enger Rass oder Ethnie, vum Geschlecht, vun enger sexueller Orientéierung, vun enger Relioun oder vun Iwwerzeegungen, vun engem Handikap oder vum Alter am Verglach zu aner Persounen, verursachen kéint. Dëst gëllt net, wann dës Dispositioun, dëse Critère oder dës Praxis objektiv begrënnt ass an wann d’Mëttel ubruecht an noutwänneg sin.