FAQ
- Wéi eng Kompetenzen huet den CET?
D'Ziel vum CET ass d’Promotioun, d’Analyse an d’Iwwerwaachung vun der Gläichbehandlung tëschent Persounen, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass, vun der ethnescher Hierkonft, vum Geschlecht, vun der sexueller Orientatioun, vun der der Relioun oder vum Glawen, vun engem Handikap an vum Alter.
Beim Ausübe vun sengen Funktiounen kann den CET ënner anerem :
- Rapporten publizéieren, Avisen an Recommandatiounen ofginn, an Etuden iwwer all d’Froen, déi mat den Diskriminatiounen zesummenhänken, féieren;
- all Informatioun an Dokumentatioun am Kader vun senger Missoun produzéieren a ginn;
- d’Persounen, déi méngen, si wären Affer vun enger Diskriminatioun, hëllefen, duerch d’Bereetstellung vun engem Service fir Rot an Orientatioun, deen d’Affer iwwer hir perséinlech Rechter, d’Législatioun, d’Jurisprudence an d’Méiglechkeeten op seng Rechter ze pochen, informéiert.
De CET kann sech eigentlech net direkt fir d’Affer vun enger Diskriminatioun asetzen, mä hien ass fir si e wichtegen Gespréichspartner duerch seng Beroodungs- an Orientatiounsfunktiounen, sou datt hien seng Missioun an enger konsultativer Aart a Weis iwwerhulen kann an dat, mat der néideger Distanz fir d’Systemen, d’Strukturen an d’Prozeduren, déi et gëtt, mat Objektivitéit aschätzen ze kënnen.
- Wéi eng Diskriminatiounsgrënn ginn vum CET ofgedeckt ?
De CET kann fir Diskriminatiounen op Grond vun déi 6 folgend Grënn intervenéiren, dat heescht op Grond:
- vun der tatsächlecher oder supposéierter Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet zu enger Rass oder zu enger Ethnie,
- vum Geschlecht (d'biologescht Geschlecht an d'geschlechtlech Identitéit),
- vun der sexueller Orientatioun,
- vun der Relioun oder vum Glawen,
- vum Handikap oder
- vum Alter.
All direkt oder ondirekt Diskriminatioun op Grond vun dëse Grënn ass verbueden !
- Wat ass d’tatsächlech oder supposéiert Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet zu enger Rass oder zu enger Ethnie?
D’Referenz un der Zougehéieregkeet un enger Rass oder un enger Ethnie ass breed an erméiglecht et, all Diskriminatioun op Grond vun der Gebuert ze schützen.
Besonnesch d'Wuert « Ethnie » bedeit eng Grupp vun Persounen, déi duerch d’Sprooch oder d’Kultur verbonnen sinn : doduerch ass et méiglech eng Grupp vun Persounen déi zu verschidden Natiounen gehéieren ze schützen, awer och national Minoritéiten ze schützen.
Duerch d’tatsächlech oder supposéiert Zougehéieregkeet ass et méiglech den Auteur vun enger Diskriminatioun op d'Geriicht ze huelen, soubal hien eng diskriminatoresch Entscheedung iwwert eng Persoun geholl huet, opgrond vun hierer Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet un enger Rass oder Ethnie.
- Wat ass d'Geschlecht ?
Zum Motiv Geschlecht gehéieren all d'Forme vum biologesche Geschlecht an och d'geschlechtlech Identitéit vun engem Mënsch.
D'Yogyakarta Prinzipien definéieren d'geschlechtlech Identitéit als dat déif empfonnend perséinlecht ënnerlecht Gefill vun der Zougehéieregkeet zu engem Geschlecht. Dëst Zougehéieregkeetsgefill ka mat deem Geschlecht iwwertenee stëmme wat bei der Gebuert festgehale ginn ass oder och net. D'geschlechtlech Identitéit ëmfaasst och nach folgend Aspekter:
- sou wéi een säin eegene Kierper gesäit,
- déi fräiwëlleg Verännerungen um äusserleche kierperlechen Erscheinungsbild an un de Funktioune vum Kierper, z.B. duerch medezinesch, chirurgesch oder aner Agrëffer,
- aner Ausdrocksforme vum Geschlecht, z.B. d'Kleedung, d'Sprooch an d'Verhaalensweis.
- Wat ass d’sexuell Orientatioun ?
Ënnert dem Konzept vun der sexueller Orientatioun ginn d’Heterosexualitéit, d’Homosexualitéit, d’Bisexualitéit, d'Pansexualitéit an d'Asexualitéit verstanen.
D'Yogyakarta Prinzipien definéieren d'sexuell Orientatioun als d'Fähegkeet vum Mënsch sech emotional a sexuell intensiv zu Persoune vum selwechte, aneren oder méi Geschlecht(er) higezunn ze fillen a vertraut a sexuell Bezéiungen mat hinnen ze féieren.
- Wat sinn d’Glawen?
Fir den CET sinn d’Glawen d’Existenz oder d’Inexistenz vun engem Gott oder Gottheeten. Dat bedeit, daoch d’philosophesch Iwwerzeegungen, wéi den Atheismus, den Agnostismus oder den Laizismus abegraff sinn.
- Wat ass en Handikap?
2006 huet d’europäesch Cour de Justice seng éischt Entscheedung iwwert d’Bedeitung vum Wuert « Handikap » ofginn. Si huet en Ënnerscheed tëschend dem Handikap an enger Krankheet gemaach : «Ënnert dem Begrëff vun « Handikap » versteet een eng Begrenzung vun kierperlecher, geeschtecher oder psychescher Art an déi d’Participatioun vun der betraffener Persoun am Berufsliewen behënneren. (…). Fir dass eng Begrenzung ënner dem Begrëff « Handikap » unerkannt gëtt, soll se also vu laanger Dauer sinn. »
- Wéi kann een den CET kontaktéieren?
Esou kënnt dir den CET kontaktéieren :
- per Post un d’folgend Adresse : 26, place de la Gare L-1616 Luxembourg
- per Telefon : (+352) 26 48 30 33
- per Fax : (+352) 26 48 38 73
- oder per Email : info@cet.lu